
- This event has passed.
Student Global Strike for Climat Luxembourg
15th March 2019 @ 12:30 pm – 5:00 pm
Genausou wéi an de Vereenegte Staaten, an der Belsche, an Däitschland, Éisträich a villen anere Länner, wëlle mir eis mobiliséieren. Wann mir eis zesummendoen, kënne mir eng grouss Verännerung bewierken. Mir, Lycées-Schüler, Studenten, jonk Léit ouni Stëmm, musse fir eis Zukunft zesumme kommen. Mir mussen déi Erwuesse bei der Hand huelen, si guidéieren a mir musse gehéiert ginn, well eis Zukunft um Spill steet.
De Streik fänkt de 15. Mäerz 2019 um 10h un a mir treffen eis all zesummen um 12.30 um Glacis an der Stad!