top of page

CELL feiert den Dag vum Bam beim Äerdschëff

Den 19. November, am Kader vum Nationalen Dag vum Bam, huet CELL ee Bam um Site vum Äerdschëff zu Réiden geplanzt.

Mat dëser Aktioun huet CELL d’Natur, d’Liewewiesen a säi Projet Äerdschëff gefeiert, deem seng Grondprinzippien op enger resilienter an nohalteger Interaktioun tëscht dem Mënsch a sengem Ëmfeld berouen.

group picture, people gathering around a freshly planted tree

Wat ass een Äerdschëff?

Inspiréiert un de sougenannte “earthships” (Äerdschëff op Englesch) déi vum Architekt Michael Reynolds an d’Liewe geruff gi sinn, ass d’Äerdschëff ee Gebai wat seng eege Ressourcen op eng resilient an nohalteg Manéier produzéiert a generéiert a soumat komplett autark ass.

Och beim Bau vum Äerdschëff gouf opgepasst esou vill ewéi méiglech nohalteg Baumaterialien a Bau Aart a Weisen ze benotzen ewéi nëmme méiglech. Esou gouf immens vill Material vun anere Chantieren oder Gebaier recuperéiert amplaz dass déi Saachen ewechgehäit goufen an d’Materialie goufen esou wéineg ewéi méiglech zesummen gepecht fir dass dës och spéider hin kënne weider benotzt ginn.

De Bau vun dësem Pionéierprojet kënnt 2022 op en Enn, mee de Projet wäert weider liewen. Edukativ Aktivitéite sinn hei geplangt, déi am Zesummenhang mat der Kreeslafwirtschaft, der ökologescher a sozialer Transitioun mee virun allem och der Zesummenaarbecht wäerte stoen. Formatioune fir Léierpersonal sinn elo schonn op an um Internetsite vum Äerdschëffan demIFEN ze fannen.


Wei kann ech hëllefen a mech engagéieren?

Flott Ateliere gi reegelméisseg gratis organiséiert wou ee mat der Hëllef vu Professionellen aus dem Beräich,nei Fäegkeete kann léieren an/oder ausprobéieren. D’Atelieren an all d’Informatiounen fannt dir ëmmer op der Facebook Säit vum Äerdschëff.

Nieft deene flotten Ateliere kann een*t awer och einfach mol fir e puer Stonnen, Deeg oder Wochen als Benevol op de Site luusse goen an eng Hand mat upaken.

Am Wanter ass de Chantier vu Méindes bis Freides vun 08h00 bis 16h30 op. Wéinst den aktuelle sanitäre Mesuren a fir eng optimal Organisatioun mellt iech léiwer am viraus iwwer aerdscheff@cell.lu un.


Den Nationalen Dag vum Bam

Den NationalenDag vum Bam gëtt all Joer vun natur&ëmwelt organiséiert. An dësem Zesummenhang huet d’Ekipp vu CELL,dësen Dag zesummen mat der Réidener Gemengum Site vum Äerdschëff geféiert.


Um Programm stoungen eng guidéiert Visitt vum Äerdschëff, d’Planze vum Bam um Terrain vun dësem an zum Ofschloss nach kleng Häppercher vun "Lëtz Taste it" mat engem Patt.

Bei der Visitt gouf de ganze Prozess vum Plangen, iwwert di verschidde Systemer fir dass d’Gebai autark funktionéiere kann, bis hin zu de benotzte Materialien erkläert. Wann dir och un esou enger Visitt interesséiert sidd da mellt iech via äerdschëff@cell.lu fir dës ze organiséieren.

Duerno hu mir eis zesummenop de Wee gemaach fir um Dag vum Bam engLann umSite ze planzen. D’Lannass engersäits eeneenheemeschena robuste Bam, mee kann awer och nach dobäi an der Kiche verwäert ginn. Esouguer d’Beie profitéieren vum Bam a produzéieren aus dem Nektar de sougenannte Lannenhunneg.


Wann een ee Bam planzt, denkt een un Zukunft. Dës Lann wäert elo ganz laang hei stoe bleiwen an huet nach ee laangt Liewe virun sech. Mat dësem Bam, denke mir un d’Zukunft vu CELL, senge Projeten an ganz speziell dem Äerdschëff Projet. Mir symboliséieren heimat d'Verwuerzlung vum Projet zu Reiden, deen nach vill Joreszäite virun sech huet an an Zukunft nach vill Friichte wäert droen!


Am Undenke vum Camille Gira, ee vun den éischten Ënnerstëtzer vum Äerdschëff Projet, hu mir dann och decidéiert dëse Bam “Camille” ze nennen. Merci fir deng Ënnerstëtzung!

Eendecke Merci geet och un d’Gäertnerei « De grénge Jeannot » vu Réiden déi esou léif waren eis de Bam ze stëften. Och nach een decke Merci un d’Gemeng Reiden dass si sech Zäit geholl hunn dës puer Stonne mat eis ze verbréngen an de Projet weider z’ënnerstëtzen.


Kontakt an Informatiounen zum Äerdschëff ënnert :

Facebook : @aerdscheff Instagram : @aerdscheff_luxembourg



61 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
Post: Blog2_Post
bottom of page