top of page

Transition Nord

« Transition Nord » iwwerhëllt ab Januar 2022 eng Rëtsch Projeten zu Wolz am Transitiouns Beräich ! Hutt dir Loscht un engem Deel ze huelen dann mellt iech bei transitionnord@cell.lu . Hei e puer Projeten déi dir ab Januar fanne kënnt :

Iessbar Stad - e Grupp wou op 2 Platzen zu Wolz Hochbeeter fir d’Allgemengheet opgestallt hunn. Hei kennen d’Léit hiert Geméis, Kraider an Uebst planzen, fleegen a ernten. Mir respektéieren hei och déi wëll Planzen di wuessen an sensibiliséieren soumat d’Leit fir méi nohalteg mat Liewensmëttel ëmzegoen an e Bewosstsinn ze schaffen fir méi nohalteg Planzen unzebauen. Déi nächst Etapp ass a Gemeinschaftsgaart zu Wegdichen. Den Opbau soll nächst Joer ufänken. D’ Grupp ass all Mëttwoch vun 17 bis ca. 20 Auer op der Platz. Treffen ass ëmmer am CoLab, 10, Campingstrooss, Wooltz.


De Kreeslaf-Schaf : ass den éischten Kascht-Näischt-Buttek zu Lëtzebuerg den vun Benevolle betreit gëtt. Am Kreeslaf-Schaf ginn all d’Saachen gesammelt di d'Leit net méi brauchen/wëllen, déi awer nach vill ze schued sinn fir an d’Poubelle. Vun Kleeder, Kichenutensilien, Spillsaachen iwwer Bicher, an Deko ass alles do. Jiddereen kann einfach an de Buttek kommen an mathuelen wat e brauch, gratis.

Mat dësem Projet wëllen mer virun allem der „Wegwerfgesellschaft“ entgéingt wirken. Sou war et méiglech bis elo iwwer 1500kg Saachen erëm zréck an de Kreeslaf ze bréngen an hinnen e zweet Liewen ze schenken.

De Kreeslaf-Schaf ass ëmmer de leschten Samschden am Mount vun 10-16 Auer op. Vun 10-12 Auer huelen mir Sachen un. Dir fannt de Kreeslaf-Schaf am CoLab, 10, Campingstrooss, Wooltz.


Foodsharing - Wéi de Numm schonn seet ass de Foodsharing e Projet wou et drëms geet d’Liewensmëttel ze deelen, an zwar di Liewensmëttel di d’Supermarcheeën wechgeheien géifen.

Mëttwochs a Samschdes hunn mer dacks d’Méiglechkeet ganz vill Liewensmëttel bei di Supermarchéen sichen ze goen an mer verdeelen si dann am CoLab. Do kënnen d’Leit sech dann raus sichen wat si brauchen. Alles gratis, Kommunikatioun iwwer Whatsapp.

Sidd dir interesséiert un Foodsharing zu Wolz deel ze huelen? Da schéckt eng Email un transitionnord@cell.lu mat Ärer Telefonsnummer an dir gidd per Whatsapp um laafende gehalen.


Babbelcafé - De Babbelcafé ass e Sproochecafé, den ass all leschte Freiden am Mount zu Wooltz am Café Prabbeli. Am Sproochecafé leieren d’Leit spilleresch Lëtzebuerg an Franséisch schwäzen andeems iwwer all Themen aus dem Alldag geschwat gëtt. Bei engem Patt an e puer Häppercher schaafen mer sou eng angeneem Atmosphär fir sech wuelzefillen an sech auszetauschen an gläichzäiteg nach eng Sprooch ze léieren.

119 vues0 commentaire
Post: Blog2_Post
bottom of page